Leider gëtt et ëmmer mei heefech dass eis Päerd un Otemweeproblemer erkranken.
Mee u wat läit dat?
Eng Paerdslong kann zwëschent 40 a 55 Liter Loft faassen an ass sou een immens grousst Organ. An entspannt Phasen otemt Päerd allerdéngs nëmmen zwëschent 6-8 Liter pro Otemzuch, et bleift also e groussen Deel vun der Loft nach an der Long.
Leider sinn eis Päerd och ëmmer mei Loftverschmotzungen ausgesat (wei mir natierlech och) wei zum Beispill de Stepps am Stall, den Ammoniak vun de Fäkalen awer och Schadstoffer vun Autoen a Maschinne. Dobai kennt dass et villen Päerd u Beweegung mangelt a Si sou ni hier Longe mol kenne komplett “ausblosen”.
Otemweeerkrankungen beim Päerd an Locatioun vun Sahoma Inhalator

Bei de Longenerkrankungen vun de Päerd ass et och extrem wichteg ze wëssen, dass se no 10-14 Deeg schonn als chronesch kenne gëllen dat heescht och een “mäi Päerd houscht ëmmer 1-2 mol am Ufank vum Training” soll een ob kee Fall als normal ugesi mee ass schonn den Ufank oder souguer een akut Zeeche vun enger Longekrankheet.
Fir eng Longekrankheet nohalteg an de Greff ze kréien ass et extrem wichteg fir raus ze fannen duerch wat des komm ass. Handelt et sech em eng Allergie ob Pollen, Stëbs oder och vläit Fuddermëttel oder ass et éischter eng chronesch Bronchitis och nach COPD genannt oder eventuell souguer Asthma. Fir dëst rauszefanne ginn et sou munch Verfaren an der Medezin wei zum Beispill en Allergietest oder och nach eng Bronchoskopie.
Wann een da bis weess em wat genau et sech handelt ass et déi hechsten Prioritéit fir Ursaachen sou gutt et geet ofzestellen also eng eventuell Fudder- an/oder Haltungsupassung.
Wat Medikamenter géint Otemweeerkrankungen ugeet gëtt et natierlech eng ganz Rei vu Präparater um Marché an dorënner der och déi ee kann inhaléiere fir dass se direkt ob der richtege Platz ukommen, déi rechtlech Organer net belaascht ginn a fir eventuell Niewewierkungen ze reduzéieren.
Dofir bidden ech Iech ab elo mäin Inhalator vun NebuTec, de Sahoma u fir ze léinen. Den Sahoma ass en mobilt Inhalatiounsgerät mat Akku fir Päerd mat all Form vun Otemweeerkrankungen. Den Sahoma get et mat 3 verschiddenen Dichtungen sou dass en ob baal all Päerd passt.
Am Präis mat dran ass Kachsalzléisung (NaCl 0,9%), Sole (5%) an destilléiert Wasser.
_JPG.jpg)
Mee och mat der Physiotherapie kann ee ganz vill fir Päerd mat Otemweeerkrankunge maachen, well des duerch dat dauert houschten oder eventueller Bauchootmung ganz oft Problemer hu mat der Intercostal Muskulatur, dem Sternum oder och nach mat villen anere Partië vum Kierper.