Wéi gesäit eng Behandlung beim Hond aus?
Fier ären Hond ze behandelen, deplacéieren ech mech bei Iech Heem. Fierwa maachen ech dat net an enger Praxis? Ech hu selwer een Hond, Nala, dat immense Stress huet beim Veterinaire. Wann ech mat him géif an eng Praxis goe fir Physiotherapie ze maachen, géif hat déi aner Hënn richen a menge mir wiere beim Veterinaire an eng entspanten Behandlung wier net méiglech. Dofir well ech dësen Stress bei menge Patiente vermeiden a komme léiwer bei Iech Heem an een Ëmfeld wou den Hond gewinnt ass an erméiglechen sou eng Behandlung déi entspannent ass fir den Hond awer och fir de Besëtzer, well och dësen sech net brauch ze deplacéieren.

Befier déi eigentlech Behandlung stattfënnt maachen ech awer nach als éischt eng komplett Analyse vun ärem Hond a fänken als éischt mat der Anamnese un dëst heescht ech stellen Iech als éischt mol ee ganze Koup Froen.
Wéi al ass den Hond?
Wou kennt en hier?
Wéi laang hutt dir e schonn?
Wéi gëtt e gehalen?
Wat ass den aktuelle Problem?
….
No deene ganze Froe kucken ech mir den Hond da mol bëssen a sengem Ëmfeld un. Dëst maachen ech duerchaus och schonn ab deem Zäitpunkt, wou ech bei Iech era kommen.
Dono maachen ech dann eng Palpatioun vum ganzen Hond dat heescht dee ganzen Hond gëtt eemol ofgetaascht fir ze kucken ob eventuell eppes waarm, geschwollen oder fest ass an ob den Hond bei eppes eng Offwierreaktioun weist.
No der Palpatioun maachen ech dann nach Gelenkstestungen vun all de Gelenker, also wierklech vu Kapp bis Zéif.
An da komme mir och schonn zu der eigentlecher Behandlung.
No der Behandlung kucken ech mir dann den Hond nach eng Kéier kuerz u fir ze kontrolléieren ob ech net eppes vergiess hunn an alles erëm ob senger Platz ass.
No all Behandlung krit dir ëmmer nach e mëndlechen Resumé mat e puer Hausaufgaben an och spéitstens 1-2 Deeg no der Behandlung ee schrëftlechen Rapport.
Wéini mécht et Sënn, säin Hond behandelen ze loossen?
Physiotherapie kann a villen Situatiounen ugewant gi wéi zum Beispill no enger Operatioun oder Verletzung fir bei der Wondheelung ze helefen, Schounhaltungen ze korrigéieren oder den Hond mobil ze hale wärend en sech ausrouen soll. Awer och wann een neie Spillkomerod an Haus komm ass a besonnesch vill gespillt ginn ass oder den Hond schonn am Alter ass an sech net méi sou vill beweegt mécht et duerchaus Sënn fir Physiotherapie ze maachen.
Natierlech kann een och einfach sou reegelméisseg Physiotherapie maachen fir dem Hond eppes Guddes ze doen an ze kontrolléieren ob alles ob senger Platz ass.
Wéi muss ech mech a mäin Mupp ob soueng Behandlung virbereeden?
Den Hond soll am beschten 3 Stonne befiert ech kommen näischt méi gefriess hu well besonnesch bei gréissere Muppen den Risiko fir eng Modréinung besteet. Zudeem soll den Hond sech nach virdrun propper gemaach hu well mat enger voller Blos gëtt dat schwiereg fir sech ze entspanen a falls méi wéi ee Mupp am Haushalt ass, wier ech ganz frou wann déi aner wärend der Behandlung entweder roueg ob hirer Platz léien oder an een aner Raum gemaach ginn.
